First Responder


Wat ass den First Responder?


Den First Responder ass een Déngscht, den 14 Memberen vum

CIS Reisdorf freiwëllech 7/7 Dee an 24/24h maachen.

 

Den First Responder ass geduecht fir bei Noutfäll méi schnell medizinech Hëllef op d' Onglécksplaatz ze kréien.

Dëst spéziell well d' Ambulanzen ëmmer méi laang Ufahrtsweeër bis an Diérfer hunn. 

Wat sin Aufgaben vum First Responder?


Dem First Responder seng Aufgaben op enger Onglécksplaz sinn:

- Réckmeldung op den 112

- Staark Bluddungen stoppen 

- Réanimatioun

- Der Équipe vun der Ambulanz ze hëllefen 

- Perséinlech Daten  vum Patient opzehuelen

Muss een den First Responder extra ruffen?


 

Den First Responder muss net extra geruff ginn !

Hee gëtt an bestëmmten Fäll automatesch mattgeruff.




Dir hutt Froën iwwert den First Responder ?


Wann dir Froën iwwert den First Responder hutt, dann kontaktéiert eis iwwer "info@cisreisdorf.lu"